LuxembourgSolistesEuropéens

LuxembourgSolistesEuropéens

姓名: LuxembourgSolistesEuropéens 英文名:- 性别:组合 国籍:- 出生地:- 语言:- 生日:- 星座:- 身高:- 体重:-

姓名: LuxembourgSolistesEuropéens 英文名:- 性别:组合 国籍:- 出生地:- 语言:- 生日:- 星座:- 身高:- 体重:-

D'Solistes Européens Luxembourg (kuerz: SEL) ass e Lëtzebuerger Orchester vu klassescher Musek.

E gouf den 20. September1989 gegrënnt a stoung 20 Joer laang ënner der Direktioun vum Jack Martin Händler, dee virun allem Musek aus dem Repertoire vun der Wiener Klassik gespillt huet. 2009 huet de Verwaltungsrot decidéiert, dem Händler säi Vertrag net méi ze verlängeren. Nofolger gouf de Christoph König.[1]

D'Museker kommen aus ganz Europa an dinn sech regelméisseg zesumme fir Concerten ze spillen oder Musekopnamen ze maachen. Zu Lëtzebuerg spillen s'an der Philharmonie d'Zyklen Concerts du lundi an trieden op de Musekfestivaller vu Wolz a vun Iechternach op.[2]

Donieft spille se op Concerten uechter d'Welt an huelen der op fir Radio an Televisioun. Bis ewell hunn d'Solistes Européens, Luxembourg eng 100 CDen opgeholl, dorënner d'integral Londoner Sinfonië vum Joseph Haydn a 7 DVDen.